
Engem Spriecher vum Parquet no wier direkt op der Plaz éischt Hëllef geleescht ginn an déi Responsabel hätte probéiert, d'Otemweeër nees fräi ze kréien. An engems gouf de Rettungsdéngscht op d'Plaz geruff. Dat klengt Kand ass an d'Klinik bruecht ginn, ass awer leider den Dag drop do verscheet.
De Parquet vun Dikrech ass mat der Affär befaasst. Et gouf direkt eng Enquête an d'Weeër geluecht an eng Autopsie gefrot. Déi betraffen Educatricë si vun der Police judiciaire gehéiert ginn. Aus dësen éischten Elementer geet ervir, datt si a priori näischt falsch gemaach hunn.
D’Enquête ass zu dësem Ament nach net ganz ofgeschloss. De Parquet vun Dikrech wäert seng definitiv Konklusioune réischt dann zéien, wann dat de Fall ass.