Gréiwemaacher - WäistroossJonke Mann gouf e Sonndegowend iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
Géint 22 Auer gouf e Mann op der Busgare vun enger Grupp jonke Männer geschloen a krut doropshi säi Portmonni geklaut.

D'Affer konnt trotz e puer Blessuren duerno fortlafen.

Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass an d'Grupp Jugendlecher ugetraff huet, sinn 2 Persounen direkt geflücht. Eng vun hinne konnt no puer Meter gepëtzt ginn, wärend déi aner sech konnt dovu maachen. Zwou weider implizéiert Persoune konnten nach op der Plaz identifizéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO