Coronavirus zu LëtzebuergIwwert de Weekend: 133 Positiver bei 13.602 Tester an een Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 133 Neiinfektioune registréiert goufen.
© RTL-Grafik

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.

An de leschten Deeg ass eng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 825.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen 13.602 Tester gemaach, dovunner waren der 133 positiv. 2 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, 54 e Samschdeg a 77 e Freideg.

Den Ament si 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner 7 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze gouf bis ewell 732.835 Impfunge genotzt, 369.201 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO