
Aktuell si 16 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 674 aktiv Infektiounen. 68.764 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze goufe bis ewell 389.502 Dosisse genotzt.
E Méindeg huet d'Santé 3 Neiinfektioune bei 295 Tester gemellt fir e Sonndeg. Iwwer de Weekend waren et 74 positiv Fäll bei iwwer 6.000 Tester.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.