
Déi zoue Struktur fir Mineuren, also d’Unité de sécurité, kuerz Unisec, ass ze kleng vun der Kapazitéit hier an och eigentlech ze enk. Dat seet net nëmmen d’Justizministesch Sam Tanson, ma och den Direkter vun der Unisec Ralph Schroeder. Fir d’Zukunft gesäit hien intermediaire Strukturen, also souer, déi deels oppen an deels zou sinn, als eng méiglech Pist zur Entlaaschtung.
D’Unisec zu Dräibuer ass den Ament voll. All 12 Plaze si vu jonke Männer besat. Majoritär 16 a 17 Joer al. Hir Strofdote si keng Bagatellen, mä Abroch, Kierperverletzung oder schwéier Drogendelikter. Wien dohinner kënnt, entscheet de Jugendriichter oder de Parquet. Sou och rezent, wou e jonke Mann sollt dohinner komme wéinst engem Iwwerfall mat Gewalt. Well awer keng Plaz an der Unisec war, gouf decidéiert, hie fräizeloossen.
Esou Situatioune komme méi dacks vir. An dat trotz reegelméissegem Turnus, well déi Jonk am Schnëtt just eng 4 Méint laang do sinn. Et géing ee probéieren, deene Jonke sou séier wéi méiglech mam néidege Support weiderzehëllefen, well d’Struktur wierklech enk wier a just e klengen Haff als Bausseberäich do wier. Näischt fir laang Zäit, sou de Ralph Schroeder.
All 3 Méint gëtt d’Situatioun vum Mineur duerch e Jugendriichter evaluéiert an et gëtt decidéiert, wéi et weidergeet. Déi, déi eraus dierfen, kommen an eng oppe Struktur oder jee no Familljeverhältnisser zréck an hir Famill.
Dorop ugeschwat, ob méi eng grouss Struktur fir den zouene Vollzug néideg ass, äntwert de Ralph Schroeder net direkt mat engem klore Jo. Seng Iddi ass, eng intermediaire Struktur, also deels oppen, deels zou. Sou kéinten d’Mineuren dann zum Beispill wärend der Woch do sinn, a weekends Doheem, oder ëmgedréint.
D'Betreiung an der Unisec setzt sech aus engem Grupp vun Educateuren, Assistants Socialen, Psychologen a Psychotherapeuten zesummen an och Jugendpsychiater ënnerstëtzen d'Ekipp. Vill vun de Jonken, déi am Unisec waren, kéimen erëm e puer Joer drop op d’Been, sou d’Erfarung vum Direkter. Déi, déi een, zwee oder dräimol zréckkommen, wieren äusserst seelen.
RTL-News: Sam Tanson: Eng kuerzfristeg Léisung fir d'Unisec ass net a Siicht
RTL-News: Zoue Struktur fir Mannerjäreger Unisec zu Dräibuer ass den Ament voll, Parquet gesäit Handlungsbedarf