Enger Privatpersoun ass et elo bannent e puer Deeg gelongen, vill Mënsche fir eng gutt Dot ze mobiliséieren. Si huet en Opruff lancéiert an a kierzter Zäit koum vill Hëllef fir d'Déieren an Australien zesummen.
4 Frae vun Uespelt bedeelege sech un der Aktioun, fir d'Déieren an Australien ze retten. "Save Wildlife in Australia" nennt sech de Grupp, dee vum Carine Schuler gegrënnt gouf.
Duerch déi schlëmm Bëschbränn um australesche Kontinent si vill Déieren a Gefor. Känguruen a Koalabiere kéinten ausstierwen. Dës Biller ginn de Leit net méi aus dem Kapp a si wëllen hëllefen.
Bitzen, heekelen, strécken. Jiddereen, dee wëll, kann eng Hand mat upaken. Bannend 2 Deeg ass et dem Carine Schuler gelongen, ganz vill Leit ze mobiliséieren. E grousse Stock huet sech ugesammelt. Elo gëtt et e logistesche Probleem. Et muss nämlech alles an Australien bei d'Associatioun "The Rescue Collective" op Brisbane geliwwert ginn.
Wien hëllefe wëll, kann dem Facebook-Grupp "Save Wildlife in Australia" bäitrieden. All Hëllef ass wëllkomm.