
Vum 10. bis de 15. August sollen d'Perseiden den Himmel erliichten. Et ass e Phänomen, deen entsteet, wann déi kleng Partikele vum Koméit op d'Moleküllen vun der Äerdatmosphär stoussen. Duerch dësen Opprall entsteet dann d'Luucht, déi mir gesinn.
Den 7. August konnt een d'Meteoritteschauer an Oregon observéieren.
Am beschten ze gesinn ass déi Meteoritteschauer an der Nuecht vum 12. op den 13. August.
D'Associatioun Les Astronomes Amateurs du Luxemburg (AAL) huet déi lescht Joren eng "Stärenuecht" organiséiert, wou een d'Perseiden zesummen observéiere konnt. Dat fält dëst Joer wéinst der sanitärer Kris aus.
Méi Informatiounen zu dësem Sujet ginn et hei.