Bauerenzentral net zefriddenGutt Gréngland géint ale Schlakentipp tauschen

Christophe Hochard
Op enger Pressekonferenz ass d'Bauerenzentral en Dënschdeg de Moien op d'Kompensatiounsmoossnamen an hir Auswierkungen op d'Landwirtschaft agaangen.
Gréngland géint ale Schlakentipp
Op enger Pressekonferenz ass d'Bauerenzentral en Dënschdeg de Moien op d'Kompensatiounsmoossnamen an hir Auswierkungen op d'Landwirtschaft agaangen.

Zu Zolwer an der Gemeng Suessem gouf et fréier e Schlakentipp vun der Arbed. Ganz vill Tonnen Héichueweschlake goufen hei iwwer Joerzéngten deposéiert. 74 Hektar grouss ass de Site. Mat der Zäit huet sech d'Natur dës Plaz zréckgeholl. E Biotop ass entstane mat seelenen Deieren a Planzen.

Allerdéngs gëtt et Kritik vun de Responsabel vun der Bauerenzentral. Ronderëm de Schlakentipp gouf et nämlech nach eng 5 Hektar Terrain, deen un d'Bauere fir landwirtschaftlech Zwecker verpacht war. Dëse gouf och no de Reegele gekënnegt, ma d'Bauerenzentral werft allerdéngs Froen op.

An Tëscht wier de Staat och Proprietär vun dësem Site an do soll eng Aktivitéitszon entstoen. D'Landwirtschaft bräicht de Buedem, fir kënnen ze schaffen, sou de Guy Feyder Vizepresident vun der Bauerenzentral. Déi ganz demografesch Entwécklung vum Land géif op d'Käschte vum Buedem goen. Dat neit Naturschutzgesetz gëtt et elo zanter 3 Joer a soll ajustéiert ginn. Et misst een ënnerscheeden tëscht Biotopen, déi an der Natur fräi entstane sinn an därer, déi sech duerch amenagéiert Sitten entwéckelt hunn, sou nach de Guy Feyder.

Back to Top
CIM LOGO