Äntwert op parlamentaresch FroGrouss Diskrepanz tëscht de Spideeler bei de Waardezäite fir an d'Mammographie

Claude Zeimetz
Jee nodeem, a wéi e Spidol ee geet, kënnt ee schonn an enger Woch oder réischt an 3 Méint un d'Rei.
© AFP/Archives/MARTIN BUREAU

Déi Donnéeë liwwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. D'Waardezäit variéiert awer net nëmme vu Spidol zu Spidol, mä och ob, een e Rendez-vous am Kader vum regulären organiséierte Mammographie-Programm hëlt oder en individuellen Depistage op Broschtkriibs gemaach soll kréien. Sou kann een zum Beispill schonn no enger Woch a spéitstens an zwee Méint am CHL an am Chem am organiséierten Depistage-Programm un d'Rei kommen. An den Hôpitaux Robert Schuman läit d'Waardezäit am "Mammographie-Programm" hei scho bei annerhallwem Mount an am Centre hospitalier du Nord kënnt ee fréistens an dräi Méint un d'Rei, respektiv musse Patientinne sech bis zu 4 Méint gedëllegen.

E ganz anert Bild gëtt et dann, wann een individuell, also zum Beispill op Rot vu sengem Fraendokter eng Mammographie soll gemaach kréien. Hei kënnt een dann zu Ettelbréck an an den Hôpitaux Robert Schuman am séiersten un d'Rei. Also an annerhallwe bis an zwee Méint. Am Centre hospitalier an der Stad an am Escher Chem kann et sinn, datt ee bis ee Joer laang waarde muss, fir en individuelle Rendez-vous fir eng Mammographie ze kréien. Den Delai läit hei tëscht 2 an 12 Méint.

Diskrepanz Waardezäite Mammographie / Rep. Claude Zeimetz

D'Paulette Lenert erkläert d'Waardezäiten engersäits duerch e Manktem u Personal an der Radiologie. Dëst Joer hätt een zousätzleche Radiolog zu Ettelbréck en Agrément kritt, dat hätt sech bis elo awer nach net op d'Waardezäiten ausgewierkt. Well et schonn net genuch Personal gëtt, wier et der Santé no zu dësem Ament och net ubruecht, fir méi Apparater ze kafen, wa keen do ass, dee se bedénge kann.

Derbäi kënnt, datt ëmmer méi individuell Depistagë baussent dem Programm gemaach géife ginn. Dat zanter Joren elo schonn. An de leschten 3 Joer hunn déi individuell Depistagë 27% ausgemaach.

De Mammographie-Programm adresséiert sech u Frae vu 50 Joer u bis 69. De Conseil scientifique vun der Santé gesäit baussent där Alterstranche gemenkerhand kee Grond, fir Depistagen op Broschtkriibs mat enger Mammographie ze maachen: "Dans le cadre de risque "standard" du cancer du sein, il n'y a pas eu lieu de réaliser un dépistage par imagerie en dehors de la tranche d'âge de 50-69 ans".

PDF: Äntwert vum Paulette Lenert op parlamentaresch Fro vum Martine Hansen, Marc Spautz a Georges Mischo

Back to Top
CIM LOGO