
Wéinst de ville rezenten Neiinfektioune gëtt de Grand-Duché a verschidde Länner als Risikogebitt agestuuft. Fir an dës Länner areesen ze kënnen, muss een dacks fir d'éischt 14 Deeg a Quarantän goen oder een negative Covid-Test virweise kënnen.
Fir an deem Fall den Accès op d'Tester ze vereinfachen, kënne Residenten vun e Freideg un um Site www.covid19.lu ee Formulaire ausfëllen, fir sech fir ee gratis Test unzemellen. Do muss ee seng Coordonnéeën uginn an och, wuer a wéini ee reest a genee, firwat een an d'Ausland muss.
De Gesondheetsministère ënnersträicht, datt de Grond fir d'Rees bei all Demande analyséiert gëtt. Wann d'Demande approuvéiert gëtt, kritt déi concernéiert Persoun ee Code iwwer Email geschéckt. De Code fonctionéiert änlech wéi dee vum Large-Scale-Testing an den Demandeur kann domadder an ee vun de 17 Testzentere goen.
Den Test zielt net fir Frontalieren, just fir Residenten am Grand-Duché.
D'Union des Entreprises Luxembourgeoises UEL begréisst dës Initiativ, well dëst och punktuell professionell Deplacementer an d'Ausland méi einfach mécht.