Leit, déi hei ukommen, kréien e Bong ausgedeelt. Si kënne sech fräiwëlleg op der Plaz teste loossen oder an ee vun den 3 Laboen am Land fueren. Bis elo wieren eng 4.000 Tester um Findel gemaach ginn. Dovunner wären der nëmmen 31 positiv gewiescht, esou den Dr. Thomas Dentzer, Virolog bei der Santé.
Ronn 15% vun de Passagéier loosse sech hei testen. Wat d'Restriktiounen a verschiddene Länner ugeet, do wier et un den eenzele Fluchgesellschaften, fir sech ëm déi néideg Mesuren ze këmmeren. Zu Lëtzebuerg gëtt jo keng Temperatur gemooss. Länner wéi Italien verlaangen awer, datt d'Passagéier virum a nom Fluch gekuckt ginn. Dat wier d'Responsabilitéit vun den Airlines, esou de CEO vu Lux Airport René Steinhaus. Am Fall, wou e Passagéier Féiwer hätt, kéinten dës dann och refuséieren, fir ee matzehuelen.
Leit, déi aus Risikolänner kommen, ginn also net extra nach eng Kéier um Findel getest. Egal wéi wiere verschidde Mesuren net ganz zouverlässeg, grad well esou vill Leit asymptomatesch sinn. D'Féiwer zum Beispill wier och nëmmen e potentiellt Symptom, et wier also net dee richtegen Indicateur. D'WHO géing och dovunner ofroden, d'Féiwer ze moossen, esou den Dr Thomas Dentzer. Doduercher géing am Endeffekt just Stau um Fluchhafen entsoen.
D'Test-Statioun huet de ganzen Dag iwwer op. An den nächsten Deeg soll och en Infostand fir d'Passagéier dobäi kommen.
