Dr. Thomas DentzerGeimpfte Leit kënne sech zwar ustiechen, ginn awer net méi wierklech krank

RTL Lëtzebuerg
Wann ee kuckt, wéi vill Leit nach an d'Spidol kommen, wa se bis komplett geimpft sinn, da sinn dat der ganz wéineg, esou den Dr. Dentzer.
© RTL-Archiv

Och wann ee geimpft ass, kann ee sech nach ëmmer mam Coronavirus ustiechen. Dat dierft eigentlech keng Iwwerraschung sinn, well vun Ufank un ass ënnerstrach ginn, datt de Vaccin keen 100-prozentege Schutz ass. Dat confirméiert sech och an den Zuele vun der Santé. A sengem leschte Wocherapport hat de Ministère matgedeelt, datt  16,6 Prozent vun de Leit, déi sech nei infizéiert hunn, e kompletten Impfschema haten, déi Woch virdru louch deen Taux bei 18,6 Prozent. Leit mat Vaccin, musse sech doriwwer awer keng Suerge maachen.

Interview mam Dr. Thomas Dentzer - Reportage Dany Rasqué

Dat explizéiert de Virolog aus der Santésdirektioun, den Dokter Thomas Dentzer. Hie seet, Etüde géife kloer weisen, datt d'Leit mat Impfung sech zwar nach kënnen ustiechen an dann och positiv getest ginn, mä, wat am Wichtegste wier, si géifen net méi schro krank ginn an net méi um Virus stierwen. Dat géif een och bei deene Leit gesinn, déi an de leschte Wochen hei am Land -trotz Vaccin- positiv getest goufen.

Dr. Dentzer:"Déi Donnéeën, déi mer gesinn, weisen, datt d'Leit, wa se geimpft sinn an ugestach ginn, keng oder ganz geréng Symptomer hunn, wéi bëssen Halswéi oder Kappwéi, wat elo net esou dramatesch ass. Dat hänkt sécher och domadder zesummen, datt déi Leit vill manner Virus produzéieren. Wann ee kuckt, wéi vill Leit nach an d'Spidol kommen, wa se bis komplett geimpft sinn, da sinn dat der ganz wéineg."

Kee Grond zur Panik, also wann ee bis fäerdeg geimpft ass.

Fir Leit, déi kee Vaccin wëllen oder och kënne kréien, ass et par conter wichteg ze wëssen, datt nach ëmmer d'Méiglechkeet besteet, datt si vun engem ugestach ginn, dee scho fäerdeg geimpft ass. D'Gefor ass net grouss an awer ass se do, esou den Thomas Dentzer.

Dr. Dentzer:"Dofir wäerte mer gesinn, datt an Zukunft ëmmer erëm Clusteren opflamen oder déi Leit wäerte positiv sinn, well se eben net geimpft sinn a well se ugestach goufen. Dat gesäit een elo a ville Länner an et gesäit een och bei eis, de Gros vun de Leit, déi an de Spideeler sinn, sinn net geimpft gewiescht."

Vun der Häerdenimmunitéit si mer zu Lëtzebuerg nach e Stéck ewech. Am Ufank ass jo gesot ginn, datt déi areecht ass, wa 70 bis 75 Prozent vun de Leit immuniséiert sinn. Den däitsche Robert Koch-Institut huet duerno den Taux vun 80 bis 85 genannt.

Dr. Dentzer:"Mir sinn elo Mëtt 50 Prozent vun de Leit, déi duebel geimpft sinn zu Lëtzebuerg. Et gëtt och nach eng ganz Rei Leit, déi eemol geimpft sinn. Virun allem déi Jonk, déi eréischt rezent ageluede goufen. D'Hallschent vun hinne krut elo eng Impfung a kritt Enn dës Mounts déi Zweet. Da wäerte mer awer iwwer 70 Prozent kommen a mer ginn dovunner aus, datt mer am September ëm déi 70 oder 75 Prozent vun der Populatioun leien."

Duerno misst een da kucken, wéi een déi Leit areecht, déi sech bis elo nach net wollten immuniséieren. De Virolog Thomas Dentzer verséchert, datt den negativen Effekt vun enger Infektioun ëmmer méi héich ass, wéi dee vun enger Impfung.

Back to Top
CIM LOGO