Decrochage scolaireGanz Rei Jonker briechen hir Schoul virun oder wärend enger Léier of

RTL Lëtzebuerg
Zejoert hunn am Ganzen 1670 Jugendlecher hei am Land ouni Diplom d'Schoul ofgebrach. Dës Zuele ginn aus dem neie Rapport vum Educatiounsministère ervir.
Decrochage scolaire
Zejoert hunn am Ganzen 1670 Jugendlecher hei am Land ouni Diplom d'Schoul ofgebrach.

Ma wien sinn déi jonk Leit? Hu si einfach keng Loscht méi op Schoul? Oder ginn et aner Grënn, wisou si ouni een Diplom an der Täsch ze hunn, mat der Schoul ophalen?

Froen, déi ënnert anerem de Georges Metz, Direkter vum Service National de la Jeunesse (SNJ) (www.snj.lu) beäntwert huet.

Unhand vu verschidde Mesurë gëtt hei am Land nämlech versicht, dëse Jonken no hirem Schoulofbroch eng Perspektiv fir d'Zukunft ze bidden. Dat passéiert ënnert anerem am Bitz- an Holz-Atelier vum SNJ an der Stad, esou wéi och an de sougenannten Orientatiounsklassen am Lycée Belval.

Back to Top
CIM LOGO