Am Neiduerf geet nämlech an där aler Primärschoul e fuschneie Foyer scolaire op. Ëm den 1. Juli sollen d'Renovéierungsaarbechte fäerdeg sinn. D'Gebai an der Neiduerfer Strooss stoung eng laang Zäit eidel, mä an Zukunft kommen hei elo virun allem d'Kiemer Kanner ënnerdaach, mee net just si.