Trauer an der Gemeng WalFréiere Buergermeeschter Marco Assa ass am Alter vu 45 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
No enger laanger Krankheet ass de Marco Assa um Méindeg am Alter vun nëmme 45 Joer verscheet.

Aus gesondheetleche Grënn war de Gemengepapp ewell virun 3 Joer vu sengem Posten un der Spëtzt vun der klenger Nordgemeng zeréckgetrueden, deen du vum Christiane Thommes iwwerholl gi war, déi aktuell och Buergermeeschtesch ass.

De Marco Assa gouf 1999 an de Conseil zu Wal gewielt, war vun 2005 un den 2. Schäffen an zanter 2011 du Buergermeeschter vun der Gemeng Wal.

De Familljepapp hannerléisst eng Fra an zwee Kanner.

Back to Top
CIM LOGO