PoliceFoussgänger am Garer Quartier iwwerfall, Täter erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Géint 23.30 Auer huet e Passant eng Policepatrull gestoppt, well hie kuerz virdrun iwwerfall gouf.

Him gouf seng Goldkette vum Hals gerappt. D'Affer konnt den Täter genau beschreiwen, esou datt d'Beamten dësen kuerz drop an der Rue du Fort Neippereg stelle konnten. De Parquet gouf informéiert an de Mann verhaft.

Dann huet d'Police nach e Permis zu Mamer agezunn, nodeem eng Automobilistin e puer Mol den Trottoir ze pake krut an dobäi e Platte krut. Bei der Alkoholkontroll koum eraus, datt d'Fra däitlech ze vill gedronk hat, fir sech nach hannert d'Steier vun engem Auto ze sëtzen.

Back to Top
CIM LOGO