Dobäi maache si op eng kannerfrëndlech Aart a Weis op Natur an Nohaltegkeet opmierksam.
Op der Safari am wëlle Weste geet et drëms, d'Regioun zu Fouss z'entdecken. Mat engem klenge Bichelche ginn 20 kuerz a kannerfrëndlech Trëppeltier an de Gemenge vum Kanton Réiden an an der Gemeng Mäerzeg mat Déiere-Quizzer ugebueden. Dës Weeër sinn tëschent 2 a 6 Kilometer laang.
„Et ass virun allem ee Projet, dee sech virun allem u Famille mat Kanner och Maisons-relaise riicht an do geet et drëms, d'Regioun zu Fouss z'entdecken, eis Bëscher z'entdecken, wou da Kanner och kënnen déi ganz Regioun entdecken, Hiweiser entdecken a wou se dann, wann se 15 vun 20 Tier gemaach hunn, och ee flotte Survivor-Diplom kréien, e bëssen als Ureegung an als Recompense, wann se dat alles gemaach hunn", erkläert den Thierry Lagoda, President vum Syndicat Kanton Réiden.
Fir déi Erwuesse gëtt eng Zäitrees am Wëlle Westen ugebueden. Déi traditionell Panneaue laanscht d'Trëppelweeër mat Informatiounen iwwer d'Regioun, goufen iwwerschafft an weiderentwéckelt.
„Dat heescht, mir hunn do am Prinzip ganz am Sënn vun der Economie circulaire, déi verschiddene Stänneren do recuperéiert, fir nei Panneauen de Moment anzehänken, wou ma ganz flott Fotoen dran hunn säit dem 2. Weltkrich bis an d'60er eran, wou een am Fong d'Regioun entdeckt, wéi se fréier war, wéi d'Leit zesumme gelieft hunn, fréier, wéi et net ëmmer méi schlecht war wéi dat haut ass, a wou een am Fong e flotte Verglach ka maachen, wéi d'Leit fréier gelieft hunn a wéi se haut gelieft hunn", sou den Thierry Lagoda.
Fir dës Panneauen huet een op Fotosarchive vu Privatleit aus der Regioun zréckgegraff. Bis de 15. August wäerten déi 100 Panneauen an deenen 10 Gemengen uechter de Kanton Réiden opgestallt ginn.
„U sech déi 2 Projete, de Safari am wëlle Westen, wéi och d'Zäitrees duerch de wëlle Westen, sinn alle béid Projeten, déi sech an eisem Kontext vum 'Slow-Tourism areien. Dat heescht, an dem Sënn d'Regioun entdecken, mat alle Sënner erofkommen, entschleunegen. Ech mengen, dat ass Am Fong eng Saach, déi eis hei am Réidener Kanton ganz wichteg ass, fir einfach wierklech mol eng Kéier zur Rou ze kommen an mat den Aen, mat den Oueren, mam Geschmaach einfach déi ganz Regioun z'entdecken, a voilà: einfach eng schéin Zäit hei ze hunn."
Well de Succès vun de Kannerbichelcher esou grouss ass, si se den Ament vergraff. Vun dem 15. August u si se nees zu Useldeng am Touristinfo disponibel.