Commemoratiounsfeier - Hiroshima/Nagasaki"Eng Welt ouni Atomwaffen, dat ass méi eng sécher Welt"

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie war am Klouschtergaart zu Peppeng déi national Commemoratiounsfeier, fir un d'Affer vun Hiroshima an Nagasaki ze erënneren.
Commemoratiounsfeier Hiroshima/Nagasaki
En Donneschdeg de Moie war am Klouschtergaart zu Peppeng déi national Commemoratiounsfeier, fir un d'Affer vun Hiroshima an Nagasaki ze erënneren.

"Eng Welt ouni Atomwaffen, dat ass méi eng sécher Welt, och wann et dann nach ëmmer genuch aner Waffe ginn, déi de Fridden op der Welt op d'Spill setzen." Dat huet de Buergermeeschter aus der Gemeng Réiser am Klouschtergaart zu Peppeng ënnerstrach, wou déi national Commemoratiounsfeier war, fir un d'Affer vun Hiroshima an Nagasaki z'erënneren.

Et si jo 75 Joer hier, datt amerikanesch Atombommen iwwert deenen zwou japanesche Stied erofgaange sinn, fir d'éischt zu Hiroshima, dräi Deeg drop och zu Nagasaki.

Commemoratioun fir Japan / Rep. Dany Rasqué

Eng Zeremonie, déi net zu Lescht och en edukative Volet huet.

Sech drun erënneren, wat viru 75 Joer a Japan geschitt ass, mä och deene Jonken erklären, wéi wichteg nuklear Ofrëschtung ass, dat sinn zwou wichteg Missioune vun esou enger Zeremonie, seet de japaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg de Jiro Oku-yama.

Och méi eeler Leit wéi hie géifen dozou tendéieren fir ze vergiessen, wat an der Vergaangenheet geschitt ass. 1982 huet de Buergermeeschter vun Hiroshima d'Initiativ Mayors for Peace - also Buergermeeschter fir de Fridden - an d'Liewe geruff. 56 vun den 102 Gemengen aus dem Grand-Duché sinn an Tëschenzäit do Member ... ee Krees, deen dem Réiser Buergermeeschter Tom Jungen no, nach roueg dierf méi grouss ginn:

"Dofir wäert ech an deenen nächste Woche kucken, fir zesummen mat e puer Buergermeeschterkolleegen aus alle Regiounen zesummenzesetzen an ze kucken, wéi mer de Gedanke vu Mayors for Peace zu Lëtzebuerg stäerke kënnen - vläicht och dofir suerge kënnen, datt nach weider Gemenge bäitrieden an och den ICAN-Appel ratifizéieren a mer domadder och zu Lëtzebuerg, Regierung a Parlament dozou kréien, fir den ICAN-Vertrag ze ratifizéieren, an dass mer mëttelfristeg eng Welt ouni Atomwaffe kréien."

Dozou gehéiert och den UNO-Vertrag fir e Verbuet vun Atomwaffen, deen a Kraaft trëtt, 3 Méint nodeems e vu 50 Länner ratifizéiert gouf.

"Ewech mat der Kultur vum Krich, hin zu enger Kultur vun der Solidaritéit", sou de Raymond Becker vun der Solidaritéitsplattform, wier déi eenzeg Devis, déi géif zielen.

RTL NEWS: 75 Joer Hiroshima: Et war den éischte geplangten Asaz vun enger Atombomm

Back to Top
CIM LOGO