Mir wieren an der zweeter Well, déi jo, wéi et heescht, haaptsächlech op Infektiounen am Privaten an awer och duerch Rassemblementer viru Caféen a Restauranten zeréckzeféiere wieren. Dofir wieren nees eng Rei Aschränkungen néideg. Sou missten dem Virolog no zum Beispill d'Mesuren am Horesca-Secteur nees iwwerduecht ginn an d'Zuel vun den erlaabte Leit doheem revidéiert ginn.
20 Persounen op engem Koup, trotz Masken, sinn dem Professer Muller no ze vill.
Mir misste warscheinlech och nach laang mat Mond- an Nueseschutz liewen, bis mer eng Herdenimmunitéit oder e wierksame Vaccin géint de SARS-COV-2 hätten. Bis en Impfstoff hei am Land an den Asaz kéint kommen, géif et awer nach vill Méint daueren, mengt de Claude Muller.
Dass mëttlerweil vun der Regierung d'Infektiounszuele pro Kanton opgeschlësselt ginn, fënnt de Virolog eng gutt Saach. Doduerch wéisst ee, wou ee sech nach besser misst schützen a wa Gemengen géife konkurréieren, wien déi mannste Infektiounen hätt, wier dat eigentlech och positiv, well et géif bedeiten, datt vläicht nach méi am Kampf géint de Virus ënnerholl géif.
De Virolog vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut huet dann och nach emol drop higewisen, datt eng Corona-Warn-App eng zousätzlech Hëllef beim Tracing kéint duerstellen. Déi hätt him no awer scho sollen am Ufank vum Confinement de Leit proposéiert ginn, fir sech drun ze winnen a lo, wou den Tracing erëm méi schwiereg gëtt, richteg kënnen anzesetzen.
