ILRËmmer méi Sträit tëscht Clienteën a Fournisseuren

RTL Lëtzebuerg
Demandë fir Mediatioun beim Lëtzebuerger Institut fir Regulatioun (ILR) klamme konstant. Eleng dëst Joer koume schonn 80 Ufroen eran.
© AFP

D'Mediatioun ass e Wee, fir Konflikter ze léisen, ouni mussen iwwer d'Geriicht ze fueren. Den ILR ass kompetent fir gewësse Beräicher a krut den entspriechende Statut vum Wirtschaftsministère unerkannt.  Et ginn 3 Phasen, sou den Direkter Luc Tapella.

Déi éischt ass d'Phase écrite. Do ass en Echange tëscht Operateur a Consommateur. Gëtt do keng Léisung, da gëtt et an enger zweeter Phase eng Auditioun, wou mer béid Acteuren invitéieren.

Gëtt et och do keen Accord, da proposéiert den ILR an enger drëtter Phas eng Solutioun. Wann do keng Léisung fonnt gëtt schwätzt ee vun engem Echec.

Där gëtt et allerdéngs net vill. Just a bësse méi wéi 10% vun de Fäll gëtt een sech net eens. An iwwer 80% gëtt et eng Léisung ...

 ... wuel wëssend, datt all Moment de Consommateur oder Operateur sech kënnen zeréckzéien an zum Beispill selwer eng Léisung fannen.

An der Moyenne kommen eng 100 Demanden d'Joer beim Institut de Régulation eran,  Tendenz no uewen.
Zejoert waren et zum Beispill 134 Demanden. An den allermeeschte Fäll geet et ëm Kommunikatiouns-Zerwisser.

Bei der Ufro Nummer 1000 handelt et sech zum Beispill ëm en Abonnement, wat gekënnegt gouf, wat awer nach weider facturéiert gëtt.  Dacks gëtt et awer och Problemer wéinst deieren SMS-Zerwisser op déi een sech kann abonéieren.

Premium-SMSen, wou een iergendwou geklickt huet an da kritt een all Mount 5€ berechent, wou ee sech net richteg bewosst ass, datt een dat gemaach huet.

Beim Internet kënnt et och vir, datt Persoune Kontrakter ofschléissen an deenen eng gewëss Vitesse an e bestëmmten Debit virgesi sinn. Leider géingen d'Infrastrukturen doheem déi kaafte Performancen awer heiansdo net hierginn.
 
Bei de Post-Zerwisser hunn d'Requêtë sech vun 2019 op 2020 verduebelt, allerdéngs waren et där nach ëmmer net vill. Hei geet et meeschtens ëm bestallte Päck, déi net beim Destinatär ukommen, zejoert huet do d'Pandemie eng Roll gespillt.

Bei der Energie geet et iwwregens meeschtens ëm de Comptage an d'Facturatioun vun Decompten.

PDF: Communiqué ILR

Back to Top
CIM LOGO