"Schrebergäert" nees am TrendËmmer méi Leit wëllen hiert Geméis selwer ubauen

Christophe Hochard
Am Stater Theater war e Sonndeg d'Generalversammlung vu Gaart an Heem. Obwuel d'Memberszuel zréckgeet, géinge sech ëmmer méi Leit fir Gäert interesséieren.
"Schrebergäert" nees am Trend: Ëmmer méi Leit wëllen hiert Geméis selwer ubauen
Am Stater Theater war e Sonndeg d’Generalversammlung vu Gaart an Heem. Obwuel d’Memberszuel zréckgeet, géinge sech ëmmer méi Leit fir Gäert interesséieren.

Eng ronn 15.000 Memberen zielt de Veräin Gaart an Heem, dee sech em d’Geméis- a Blummegäert këmmert. An deene leschte Jore wier d’Zuel u Memberen erofgaangen. Virun allem u jonke Leit géif et feelen.

Déi Responsabel sinn och op der Sich no neie Parzelle fir hir Memberen. Fréier hätten d’Leit Geméis ugebaut, fir op dës Manéier Suen ze spueren. Duerch déi aktuell Präisdeierecht géife jonk Famillje wëllen op dee Wee zréckgoen.

D’"Schrebergäert” wieren nees ganz gefrot. Ënnert anerem zu Esch, Diddeleng, Schëffleng an an der Stad Lëtzebuerg ginn et hautdesdaags nach där “Schrebergäert”.

Back to Top
CIM LOGO