De Statec erwaart, datt duerch d'Präisdeierecht an déi automatesch Indexéierung, d'Léin dëst Joer ëm 2% an d'nächst Joer esouguer ëm 4% klammen.De Statec bleift a sengen Analysen awer ganz virsiichteg. D‘Wirtschaft wär nach ëmmer mat enger grousser Onsécherheet konfrontéiert, sot den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza. Deemno wär et nach ze fréi, fir vun engem Retour an d‘Normalitéit ze schwätzen.
Well et keng Evidenz gëtt, wéi staark d'Ekonomie nees unzéie wäert, schafft de Statec bei de Previsiounen an dëser Note conjoncturelle nees mat dräi Zenarien: e pessimisteschen, en optimisteschen an een an der Mëtt. An dësem probabelen Zenario geet de Statec dovun aus, dass d'Lëtzebuerger Ekonomie dëst Joer eng Croissance vu 6 Prozent erreeche kéint.
D'Inflatioun klëmmt an huet de Statistiken no erëm en normalen Taux erreecht a läit an de leschte Méint bei 2 Prozent. Dat läit virun allem drun, dass d'Präisser vum Pëtrol staark geklomme sinn.
Dem Statec no kéinten d'Logementspräisser an den nächsten zwee Joer manner staark klammen. Dem Direkter vum Institut no kéint ee bei der extrem staarker Hausse déi éischt zwee Joer vun enger Bulle schwätzen.
Den Aarbechtsmaart hei am Land wär trotz Kris dynamesch bliwwen. De Statec erkläert dat an der Haaptsaach mat de Mesurë vun der Regierung, fir d'Leit an der Aarbecht ze halen. Do virop de Chômage partiel. De Chômagetaux stabiliséiert sech bei eppes méi ewéi 6 Prozent, esou d'Zuele vum Statec.De Serge Allegrezza huet sech och un Leit geriicht, déi d'Existenz, respektiv d'Gravitéit vum Covid-19 a Fro stellen. Et wäre ganz kloer méi Leit zejoert gestuerwen am Verglach mat den 10 Joer virdrun. "Et gëtt eng Surmortalitéit", huet den Direkter vum Statec betount.
Franz Fayot commente l’analyse du Statec sur la situation et les perspectives de l'économie luxembourgeoise (08.06.2021) | |
| |
Dans sa note de conjoncture du 8 juin 2021, le Statec publie son analyse de la situation et des perspectives à court terme de l'économie luxembourgeoise. Le ministre de l’Économie, Franz Fayot, commente: «D’après les analyses du Statec, le Luxembourg a été jusqu’à présent moins impacté par la crise COVID-19 que ce qui était redouté, et on ne peut que s’en réjouir. Cela tient à la fois à la solidité des fondamentaux de l’économie luxembourgeoise d’avant la crise, et à la panoplie des instruments de soutien mise en œuvre pour soutenir les entreprises et leurs salariés pendant la pandémie, en particulier grâce au chômage partiel. L’ensemble de ces mesures nous a permis d’un côté de préserver et stabiliser le tissu économique pendant la crise, ce qui était notre priorité absolue. De l’autre côté, le programme 'Neistart' accompagne d’ores et déjà la relance post-COVID-19 en subventionnant par des aides à l’investissement extraordinaires l’innovation sous forme de nouveaux processus de production, de digitalisation, de dépassement de normes environnementales, d’efforts réalisés en matière d’économie circulaire. Notre feuille de route pour concevoir à moyen terme l’économie de demain vise une transition vers une économie durable, résiliente et prête pour l’avenir.» |