Coronavirus zu LëtzebuergEen Doudesaffer méi op elo 119, 66 nei Fäll bei 10.071 Tester

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 119 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 66 positiv geteste Patienten, 54 vun hinne si Residenten. Dat fir de 5. August. Et goufen 10.071 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.073 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 623.994 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.204 aktiv Infektioune ginn a 5.750 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 51 (+3) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 9 (+4) Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0.74. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO