Op eise StroossenEen Accident mat méi Gefierer op der A13, dräi Leit blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Dann huet d'Police nach e puer Permisen agezunn, well Automobilisten ze vill gedronk haten.

Um Samschdeg kuerz no 17 Auer gouf et um Belair an der Stad en Accident mat engem Won. D’Ekippen aus der Stad a vu Mamer hu sech ëm déi blesséiert Persoun bekëmmert.

Géint 5.20 Auer e Sonndeg de Moie hate sech op der Escher Autobunn op der Sortie fir op d’A13 direkt e puer Ween ze pake kritt, dobäi goufen dräi Persoune verwonnt. De Rettungsdéngscht vun Esch krut Ënnerstëtzung vun de Kolleegen aus Keel a vum SaDiff, och de Samu war am Asaz. Géint 8.30 Auer dann hat et tëscht Diddeleng a Beetebuerg gerabbelt. Hei gouf kee Blesséiert, déi Diddelenger Ekippe waren op der Plaz.

Da mellt d’Police nach, datt an der leschter Nuecht e puer Automobilisten de Permis ofgeholl kruten, well si sech staark alkoholiséiert hannert d’Steierrad vun hirem Won gesat hunn. Dat war ënner anerem an der Stad, zu Wolz an zu Esch de Fall. Op der A13 hat de Chauffer zwar gedronk, ma den Alkoholpeegel war net an deem Beräich, datt een him de Permis hätt mussen ofhuelen.

Back to Top
CIM LOGO