D'Infektioune klammenD'Spideeler bereede sech vir

Monica Camposeo
De leschte Mount hätt sech d’Aarbecht am Spidol bal nees normaliséiert, ma an der leschter Zäit gëtt virun allem an der Urgence méi Zoulaf festgestallt.
Fonctionnement an de Spideeler gëtt eropgefuer
D'Situatioun an de Spideeler hat sech berouegt, elo gëtt sech op déi zweet Well preparéiert.

Den Ament géing een alles maachen, fir ze verhënneren, dass nees vill Leit, déi eng aner medezinesch Behandlung brauchen, net kënnen traitéiert gi wéinst dem Covid-19. Dat war jo wärend dem Lockdown de Fall. Fir net erëm dat ganzt Spidol mussen erofzefueren, wéi nach virun e puer Méint, ginn och eng Rei Mesurë geholl.

D’Fonctionnement vum Spidol gëtt nees eropgefuer, esou wéi et de Pandemie-Plang virgesäit. D’Otempaus fir d’Fleegepersonal war net esou laang wéi erwaart. Ma et wier awer wichteg, dass sech d’Personal iwwer de Summer erhuelen kéint.

Back to Top
CIM LOGO