
Den "Dokter Conter" huet verschidde Famillen iwwer Generatioune betreit. Seng kleng Patienten an deenen hir Elteren hunn him als Merci, wéi hie virun 2 Joer an d'Pensioun gaangen ass, e ganz speziellt Billerbuch iwwerreecht. Mammen a Pappen, déi scho selwer vun him als Kand behandelt goufen an och mat hire Kanner bei hien an d'Consultatioun koumen, haten e Facebook-Opruff lancéiert. Gesammelt goufe Fotoen, Bréiwer an Zeechnungen. Erauskoum en eenzegaartegt Geschenk, fir dee Mann ze éieren, deen iwwer Joerzéngten déi kleng Matbierger am Raum Péiteng erëm gesond gemaach huet. Hie war ronderëm d'Auer fir d'Kënnercher do an dat wärend iwwer 40 Joer.

Den "Dokter Conter" ass eréischt a seng wuelverdéngte Pensioun gaangen, wéi hien e gudden Nofollger fir seng Patiente fonnt hat.
Senger Famill eist häerzlecht Bäileed.