Invité vun der Redaktioun (13. August): Dr Bernard ThillMédecins du Monde: "Aarmut ass keng Schan, mä et ass eng Schan, sech net ëm aarm Leit ze këmmeren"

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie war d'Gesondheetsversuergung Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Dr Bernard Thill
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg, déi schaffen, kommen um Enn vum Mount finanziell net méi iwwer d'Ronnen, bedauert den Éierepresident vu Médecins du Monde. Den Dr. Bernard Thill war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Médecins du Monde bitt an zwee Accueilszentren hei am Land medezinesch Servicer fir Leit un, déi sech et soss net leeschte kënnen oder och net bei der CNS affiliéiert sinn. Vill Leit déi bei si komme kéinte sech trotz enger Krankekeess de Patientendeel fir Medikamenter oder eng Behandlung net méi leeschten.

Besonnesch betraff sinn elengerzéiend Frae mat Kanner. Héich Loyeren, Energiepräisser an d'Inflatioun géifen déi finanziell Situatioun nach verschäerfen. D'Aarmut géing zu Lëtzebuerg däitlech zouhuelen a wier dobäi dacks net direkt ze erkennen. Vill Betraffener wiere propper ugedoen, géife schaffen an hätten Angscht, oder géinge sech carrement schummen, fir Hëllef ze sichen. "An dofir ass dat schonn eppes, wat wierklech alarmant ass, well et eebe justement Leit sinn, déi schaffen, déi eng Krankekeess hunn, also Leit, déi wéi jiddwer normale Lëtzebuerger Bierger eigentlech säi Liewe mécht an dann trotzdeem um Enn vum Mount net méi iwwer d'Ronne kënnt."

Wat ass dat fir eng Gesellschaft, déi esou Saachen eigentlech zouléisst?

D'Chiffere vun de Patienten, déi bei Médecins du Monde passéieren, ginn dann och all Joers an d'Luucht: 2025 goufen et knapp 1200 Consultatiounen. Zu deene meescht verbreete Gesondheetsproblemer gehéieren Otemweeër-Problemer, orthopedesch Problemer a virun allem Zänn-Problemer. Donieft géifen och mental Problemer eng ëmmer méi grouss Roll spillen.

Vertruede ware 77 Nationalitéiten. Vill vun de Patiente kommen aus Osteuropa an Nordafrika. Et wiere virop Migranten, "déi bei eis kommen, déi hu keng Rechter, an déi kommen eigentlech op Lëtzebuerg, fir Aarbecht ze fannen". Fir vill Leit, déi eng Aarbecht sichen a schwaarz musse schaffen, wieren d'Consultatioune bei Médecins du Monde déi eenzeg Optioun, fir Traitementer ze kréien. De Bernard Thill warnt virun enger sozialer Spiral, an där Leit duerch Aarbechtslosegkeet oder Obdachlosegkeet an d'Depressioun, Verzweiwlung an doduerch dann och an eng Ofhängegkeet rutsche kënnen.

Appell fir eng "Summeraktioun" fir Sans-abrisen

Den Éierepresident vu Médecins du Monde fuerdert och eng permanent Hëllef fir Leit, déi op der Strooss liewen. D'Wanteraktioun wier wichteg, mee et misst och am Summer eng Méiglechkeet ginn, fir Sans-abrise virun extremer Hëtzt ze schützen. Hie kritiséiert dobäi och, datt d'Wanteraktioun nach besser op d'Besoine vun de Betraffene misst ugepasst ginn – ënner anerem mat méi Privatsphär an engem méi respektvolle Kader. An net zu 40 an engem Dortoire.

Et wier och inakzeptabel, dass am Juni e Mann vun der Strooss an der Stroossbuerger Strooss gestuerwe wier an dass alles géing ënnert den Teppech gekiert ginn."Sou wéi wann dat Mënscheliewe vun deem Mann, deen do op der Strooss war, manner wäert wier wéi en anere Mënsch. Ech denken, mir si Mënschen alleguerten. Déi eng hu méi Chance wéi déi aner. An et ass inakzeptabel, dass mer esou, einfach esou Saachen ewechginn an d'Aen zoumaachen an d'Oueren zoumaachen a maachen, wéi wann näischt wier. Dat kann net sinn."

Wunnengsmaart net de private Promoteuren iwwerloossen

Als wichtegsten Hiewel géint d'Aarmut nennt de Bernard Thill de Logement. Staat a Gemenge misste méi abordabel Wunnenge bauen, amplaz de Marché zu engem groussen Deel private Promoteuren ze iwwerloossen. Et kéint net sinn, datt Wunnengen eidel stinn, well d'Loyere fir vill Leit net bezuelbar sinn. "Et huet iergendee Minister, ech weess net méi wien et war, gesot: zu Lëtzebuerg gëtt et 10.000 Wunnengen, déi eidel stinn, déi net bewunnt sinn. Ass dat z'acceptéieren?"

"Aarmut ass keng Schan"

Zanter 2022 gëtt et eng Couverture universelle des soins de santé (CUSS), mä d'lescht Joer hu just 38 Leit dovu profitéiert, obwuel Médecins du Monde iwwer 1200 Leit an de Consultatioune gemaach huet. Dat léich dorun, dass nach ëmmer déi administrativ Hürden ze grouss sinn. D'Leit missten nämlech valabel Pabeieren hunn, also eng Carte d'identité an och kënnen hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg iwwer eng gewëssen Zäit noweisen.

"Si mussen eemol de Mount an déi entspriechend ONG bei Médecins du Monde zum Beispill kommen, fir ze weisen, dass se effektiv um Lëtzebuerger Terrain liewen" a si missten eng Zort "Projet de vie" presentéieren. "Soen dat an dat wëll ech hei zu Lëtzebuerg erreechen an esou weider. Also dat sinn, dat si Barrièren, déi fir esou Leit, déi op der Strooss sinn, déi keng Rechter hunn, keng Moyenen hunn, schwiereg sinn, well se d'Orientatioun komplett verléieren," kritiséiert de Bernard Thill. Och do misst sech onbedéngt eppes änneren.

Invité vun der Redaktioun: Dr Bernard Thill

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO