
An der Stad hunn d'Leit am Rollengergronn, um Boulevard Roosevelt an am Neiduerf misste blosen. De Parquet hat weider Kontrollen zu Beetebuerg am Blummendall an zu Angelsbierg ordonéiert.
Am Ganze goufen 498 Chauffere kontrolléiert. 23 ënnert hinnen haten ze vill Alkohol gedronk fir nach mam Auto ze fueren.
8 Leit hunn hire Permis op der Plaz missten ofginn.
A 15 Fäll gouf e Protokoll geschriwwen, 8 Chauffere si mat engem Avertissement Taxé dovu komm.
Onofhängeg vun den Alkoholkontrollen huet d'Police nach 3 aner Chaufferen erwëscht, déi esou vill gedronk haten, datt d'Beamten de Führerschäin direkt agezunn hunn.
Tëschent Habscht an Äischen hat e Chauffer d'Kéier net kritt an ass an de Bam gerannt. Hie gouf blesséiert an um Auto ass héije Materialschued entstanen.
Dann war d'Police geruff ginn, well e Chauffer zu Monnerech an der Brillstrooss duerch säi Fuerstil opgefall ass.
Eng Patrull huet de Chauffer fonnt an de Mann huet misste blosen.
An an der Lonkecher Strooss zu Rodange war der Police e Samschdeg de Moien ëm 6 Auer eng Persoun gemellt ginn, déi scho méi laang an hirem Auto souz a sech soll komesch beholl hunn. Och déi hat ze vill gedronk.