No Police-Interventioun zu EttelbréckD'Manifestatioun, déi e Samschdegmëtteg um Knuedler sollt sinn, ass ausgefall

RTL Lëtzebuerg
No der Police-Interventioun virun 1 Woch zu Ettelbréck, hate sech jo Kolleege vum Mann, deen déidlech blesséiert gouf, Rendez-vous fir eng Maniff ginn.
D'Plaz vum Tëschefall zu Ettelbréck.
D'Plaz vum Tëschefall zu Ettelbréck.

Eise Journalist op der Plaz huet gemellt, datt keng Leit komm sinn.

Am Virfeld hat sech jo schonn d'Famill vum Mann vun der Manifestatioun distanzéiert, genee wéi d'Associatiounen "Lëtz Rise Up" an "Finkapé", déi sech géint Rassismus asetzen. De Mann, dee virun enger Woch ëm d'Liewe koum, hat brasilianesch Originnen.

Hien hat de leschte Samschden fir d'éischt zu Housen e Mann menacéiert an him den Auto geklaut. Wéi en zu Ettelbréck vun der Police gestoppt gouf, huet en d'Beamte mat engem Messer attackéiert, ee vun hinnen huet geschoss an de Mann déidlech getraff. De Parquet an d'Generalinspektioun vun der Police enquêtéieren.

Am Virfeld: Famill distanzéiert sech vu geplangter Manifestatioun

Back to Top
CIM LOGO