Tornado vun 2019D'Majoritéit vun de Leit gouf rembourséiert

Diana Hoffmann
2 Joer ass et hier, datt en Tornado iwwert de Südweste vum Land gezunn ass mat Wandspëtzte vu bis zu 240 Kilometer an der Stonn.
© AFP (Archiv)

Majoritéit no Tornado rembourséiert / Rep. Diana Hoffmann

Besonnesch schwéier getraff waren d'Gemenge Péiteng a Käerjeng. De Materialschued war enorm, 19 Leit goufe blesséiert. D'Versécherungen hu mat engem Montant vun iwwer 100 Milliounen Euro gerechent. Um Enn sollte se mat der Aschätzung Recht behalen. Eng 3.000 Dossiere sinn am Zesummenhang mam Tornado eragereecht ginn. Dozou zielen awer och Degâten un Autoen. De Gros vun den Dossiere wier an Tëschenzäit clôturéiert, mä nach net all.

"Et sinn der just nach e puer, wou dat net de Fall ass", erkläert de Paul-Charles Origer vum Daachverband vun de Versécherungen, der ACA. Dobäi géing et sech ëm Fäll handelen, wou d'Haiser ganz staark beschiedegt gi waren a wou vill Aarbechten hu musse gemaach ginn. Awer och ëm Dossieren, wou nach Diskussioune wären, well d'Leit profitéiert hunn, mat der Reparatur Amelioratiounen un hiren Haiser virzehuelen. Elo misst nach gekuckt ginn, wat d'Assurance iwwerhëlt.

Et géing sech dobäi awer nëmmen ëm ganz wéineg Fäll handelen. Bei de Versécherunge stellt een awer iwwerdeems fest, dass Naturkatastrophen, wéi eben och den Tornado 2019, an deene leschte Jore méi heefeg gi sinn. Iwwerschwemmungen nom Staarkreen an der Ärenzdallgemeng an déi rezent Iwwerschwemmungen am ganze Land sinn do awer nëmmen d'Spëtzt vun esou Evenementer. Aner méi kleng Evenementer mat staarke Wiederen oder Knëppelsteng, bei deene Kelleren iwwerschwemmt gi sinn, hätten och an deene leschte Joren zougeholl.

Den Ament sinn d'Versécherunge finanziell gutt opgestallt, mä et misst awer reagéiert ginn. "Et ass kloer, dass d'Primmen, wéi se den Ament sinn, net duerginn, fir ze couvréieren", seet de Paul-Charles Origer. Et wieren Diskussiounen amgaangen, wou gekuckt gëtt, wéi eng Modellen een do kann applizéieren, fir déi Risiken ofzedecken.

D'Leit wieren awer méi sensibel ginn, fir och potentiell Schied duerch Iwwerschwemmungen ofzesécheren. No all Katastroph géing d'Nofro fir esou Versécherungen an d'Luucht goen. Géint Schied duerch en Tornado ass dogéint awer jidderee verséchert, deen eng normal Hausversécherung huet.

RTL-Artikel (2020): 1 Joer nom Tornado - Wéi ass d'Situatioun?

Back to Top
CIM LOGO