
De Klimawiessel ass nom Rekordsummer nees an d'Käpp vu ville Leit zréckkomm an d'Präisser fir fossil Energië kenne wéinst den aktuelle Kricher op der Welt an de geopoliteschen Tensioune just eng Richtung an zwar no uewen. Duerfir sinn eng ganz Partie Leit amgaang, ëmzestellen oder setze sech méi intensiv mat der energeetescher Transitioun auserneen. Déi ass awer bei Neibauten dacks méi einfach ëmzesetze wéi am Bestand.
Gehéiert Dir zu deenen, déi plangen oder amgaang sinn, fir Är Wunneng nodréiglech op erneierbar Energien ëmzestellen? Hutt Dir wëlles, Ären ale Masuttstank oder d'Gasheizung fir eng Wäermepompel ze tauschen? An hutt Dir dobäi Obstakele begéint? Hat Dir Iech d'Ëmstellung méi einfach virgestallt, wéi et um Enn war. Da si mir un Ärem Temoignage interesséiert.
Mir sichen no individuellen Erfarungsberichter am Kader vun eiser nächster Emissioun “Studio2”, an där et ëm d'Energie, d'Versuergungssécherheet an d'Transitioun goe soll. Zu engem Moment, an deem keen Enn vun den héijen Energiepräisser an Aussiicht ass.