
Am Mee a Juni fléien dem Pollekalenner no besonnesch vill Pollen duerch d'Loft. Patiente mat Heeschnapp leide besonnesch. Dëst Joer sinn d'Konditiounen awer besonnesch schwéier fir d'Allergiker. Hei huet de Reen net ewéi erhofft villes ewech gespullt, mä virun allem d'Konditioune fir d'Grieser nach verbessert.
D'Nues bäisst, d'Aen si rout, tréine mol an d'Nues ass konstant zou.
D'Symptomer sinn allsäits bekannt – dës si fir verschidden Allergiker den Ament awer besonnesch uerg. Et ass d'Warnung vu sëllege Wiederstatiounen, datt d'Konzentratioune vun de Grieser-Pollen aktuell ganz staark sinn an esou déi nächste Woche bleiwe wäerten, dat a ganz Mëtteleuropa. D'Schold hei läit beim ville Reen vun de leschte Wochen.
De Professor Dokter Patrick Koch, Allergologe, erkläert: „Wann d'Planze méi séier wuesse kënnen duerch de Reen, duerch déi mell Konditiounen, da kënnen d'Polle sech bei der Bléi weider entfalen. Polle fléien an der Reegel zimmlech wäit. Dat sinn dacks net just e puer honnert Meter, mä och emol 10, 20 oder 50 Kilometer. Wat et da méi Polle sinn, wat se méi aggressiv sinn an och méi wäit fléien.“
Et si perfekt Konditioune fir d'Pollen, ma net fir d'Allergiker. D'Zuel u Patienten a senger an och anere Cabineten am Land wier an de leschte Joren awer net geklommen – och wann d'Polle generell méi aggressiv ginn.
Patrick Koch: „Besonnesch duerch de Knascht an der Ëmwelt, an dat huet ee virun e puer Joer schonn nogewisen, kënnen och Polle belaascht sinn. Deen Ament kënne se méi staark Reaktioune vum Immunsystem vun den Allergiker provozéieren.“
Heescht, et sinn net onbedéngt méi Leit betraff, mä d'Symptomer stinn am Mëttelpunkt.
Bei méi schlëmme Fäll kéint et zu Asthmakrise kommen, esou de Patrick Koch. Do géif een da vun engem Etagëwiessel schwätzen. Deen Ament misst een dann net just eng konventionell Behandlung duerchféieren mat Aendrëpsen oder Nuesspray, ma et misst een iwwert eng De-Sensibiliséierung nodenken, mat enger spezieller Immuntherapie.
D'Masken hätte gréisstendeels e positiven Effekt fir d'Allergiker gehat. Dës filteren d'Loft, also och d'Pollen eraus. Den Nodeel, wann een d'Symptomer bis huet, kënnen dës och méi aggressiv ginn.