An Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg gëtt op der Place de la Constitution – bei der Gëlle Fra – fir déi zwee Deeg e Bauerenhaff vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) opgeriicht, fir den Interesséierten déi vill Facettë vum Bauerewiese méi nozebréngen.
E Freideg de Mëtteg um 16 Auer war déi offiziell Ouverture, bei där d'Bändchen duerchgeschnidde gouf, dëst a Presenz vu vill Politprominenz.

E Samschdeg an e Sonndeg kann een da vun 10 bis 18 Auer déi verschidden Déiere kucke goen, Informatiounsstänn ronderëm d'Landwirtschaft, Atelieren, grad ewéi regional Produkter entdecken.
Weider Informatioune fënnt een op www.jongbaueren.lu.