1807 zu LëtzebuergDéidlechste Blëtz an der Geschicht kéint deemools hei am Land ageschloen hunn

RTL Lëtzebuerg
De 26. Juni 1807 huet e Blëtz an eng Schéisspolver-Fabrick ageschloen, iwwer 300 Leit si bei dësem trageschen Accident deemools ëm d'Liewe komm.
© JACQUES DEMARTHON / AFP

E klenge Verglach: An den USA stierwen ongeféier 73 Leit all Joer, nodeems e Blëtz ageschloen huet. Majo hei ass et awer bal ëmmer sou, dass all Kéiers ëmmer eng Persoun pro Blëtz ëm d'Liewe kënnt. Ma 300 Doudeger bei engem eenzege Blëtz, dierft historesch eenzegaarteg sinn, esou den History Channel an engem Artikel iwwert de Virfall zu Lëtzebuerg.

Am Joer 1807 war Lëtzebuerg vun der Arméi vum Napoleon ageholl, gréisstendeels gouf d'Land benotzt, fir Waffen a Munitioun ze lageren. Doduerch goufen och vill Bunkeren ënnert der Äerd gebaut. Ënnert anerem och um Kierchbierg, hei geet et ëm eng Festung, déi am Joer 1732 gebaut gouf. Aner Quelle schwätze vum Verluerekascht, wou sech dës Polver-Kammer befonnt soll hunn.

Wéi de Blëtz an d'Festung de 26. Juni ageschloen huet, an d'Schéisspolver mat dësem a Kontakt koum, koum et zu enger massiver Explosioun. 2 Citéë goufe komplett vun der Explosioun zerstéiert, a ville weidere Géigenden um Kierchbierg huet et deels massiv gebrannt. Méi wéi 300 Leit hu wéi gesot bei der Katastroph hiert Liewe verluer.

*De kompletten Artikel referéiert sech op Informatioune vum History Channel, de kompletten Artikel gëtt et hei!

Back to Top
CIM LOGO