
Fir matzen an der Logementskris en ëffentlecht Gebai an d'Hänn vun enger privater Entreprise ze ginn, déi dann e maximale Profit doraus zéie kann, wier an den Ae vun der Partei net just en Zeeche vun Inkompetenz, mee eng reegelrecht "Folie libérale".
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an d'DP géifen op en Neits weisen, datt se incapabel wieren de Problemer an der Stad entgéintzewierken. En Dënschdeg huet d'Post hiren neie Projet virgestallt, fir dee si d'Gebai der privater Immobiliegrupp Artea zur Verfügung stellen, fir doraus en Lifestyle-Hotel, e Wellnesszenter a Büroen ze maachen.
Déi Lénk erënneren an hirem Communiqué un déi rezent Chifferen, déi Deloitte publizéiert huet, wou d'Stad Lëtzebuerg mat den Immobiliëpräisser viru Paräis läit. Ëmmer manner Leit, virun allem Jonker kéinte sech nach leeschten an eiser Haaptstad ze liewen an och ONGen an Associatiounen, déi hire Sëtz an der Stad hunn, sinn ëmmer rëm mat horrende Loyere confrontéiert.
Zanter November 2009 hätten déi Lénk Stad op de Problem opmierksam gemaach a gefuerdert, datt den Hôtel des Postes, deen ëmmerhi mat Steiergelder gebaut gouf, weider fir ëffentlecher Zwecker genotzt gëtt. Sozial- oder Studentewunnengen, Säll fir Associatiounen oder kulturell Organisatiounen a Konferenzsäll oder Ateliere fir Kënschtler hat d'Partei sech fir d'Gebai um Aldringe gewënscht.
Si fuerderen d'Stad Lëtzebuerg an de Grupp Post op, fir de Projet zréckzezéien a maachen donieft en Appell un de Wirtschaftsminister Franz Fayot, seng Responsabilitéiten ze huelen an alles Néideges ze maachen, fir de Projet ze stoppen.