Staarke Reen e SamschdegowendDe CGDIS gouf op eng 50 Asätz geruff - Kelleren ënner Waasser

RTL Lëtzebuerg
Meteolux hat fir e Samschdeg den Owend eng Alerte jaune erausginn. Lokal ass dann och zolitte Reen erofkomm.
© AFP (Archiv)

Wéinst dem staarke Reen gouf de CGDIS e Samschdeg den Owend tëscht 19 an 21 Auer op eng 50 Asätz geruff, an dat an alle Regioune vum Land. An deene meeschte Fäll stounge Kelleren ënner Waasser.

Da gouf bei engem Accident mat zwee Autoen zu Nidderkäerjeng um 19.45 Auer e Samschdeg den Owend eng Persoun blesséiert.

Zu Esch hat et um 21.10 Auer op engem Balcon gebrannt an zu Senneng stoung géint 3 Auer an der Nuecht op e Sonndeg en Auto a Flamen. Souwuel zu Esch, wéi och zu Senneng ass kee blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO