
Et wier aktuell dann och net virgesinn, d’Déiereschutzgesetz op deem Punkt unzepassen, seet d’Agrarministesch Martine Hansen. Hannergrond war eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen, deen drop higewisen hat, datt Homarden empfindlech fir Péng sinn an awer géife se bei der Zoubereedung lieweg a gliddegt Waasser gehäit ginn.
Wéi d’CSV-Ministesch weider preziséiert, géif op europäeschem Niveau awer d’Déiereschutz-Reglementatioun wuel ugepasst ginn, sou datt op nei Reegele gewaart gëtt, fir dës op nationalem Niveau ëmzesetzen.