e-Lake Charity EventConcert als Ënnerstëtzung fir Affer vun den Iwwerschwemmungen

Tim Morizet
De Concert zu Iechternach ass zwar gratis, ma den Erléis aus dem Verkaf vun Iessen a Gedrénks gëtt integral dem Solidaritéitsfong vun der Gemeng gespent.
e-Lake Charity Event
Concert als Ënnerstëtzung fir Affer vun den Iwwerschwemmungen

D'Hëllefsbereetschaft no de rezenten Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg war a bléift weider grouss. Ënner anerem war Iechternach mat am stäerkste betraff. 3 Woche méi spéit falen engem Schied – op den éischte Bléck – kaum nach op. Och wann hannert de Fassaden d'Aarbecht viru geet. Genee fir déi Leit ze ënnerstëtzen ass haut den Owend e Concert zu Iechternach.

U sech war den e-lake Festival op 2 Deeg ugesat. No den Iwwerschwemmungen duecht een sech awer, datt een d'Plattform kéint notze fir déi Betraffe weider ze ënnerstëtzen.
Frank Rippinger, e-Lake Organisator: „.Dat hues eis einfach esou matgeholl, datt mer eis duechten den e-Lake misst deene Leit an der ganzer Saach och e bëssen Hoffnung ginn. Also firwat net direkt en Charity Event hannendrun hänken. D'Gemeng huet déi Idee natierlech direkt ganz flott fonnt an se direkt ënnerstëtzt.“

Ënnert dem Motto "Zesummen si mir staark" wollt een dëse Weekend nach een drop setzen. D'Entrée fir op de Site um Haff vun der Abtei ass zwar fir näischt. Doen fir un d'Affer ginn awer anescht gesammelt.

Frank Rippinger: „D'Entrée fir haut war op 0 Euro gesat. Déi Suen déi haut awer generéiert ginn aus dem Verkaf vum Iessen a Gedrénks ginn integral dem Solidaritéitsfong vun der Gemeng gespent. Eis Sponsoren hëllefen eios do natierlech fir, datt mer do de Maximum u Profit kenne maachen.“

De Concert geet nach bis den Owend 10 Auer. Ticketen an der Oweskeess ginn et awer keng méi. Wéi déi lescht Deeg, kann een d'Optrëtter awer online via Livestream op rtl.lu mat suivéieren a vläicht e bësse Party Doheem maachen.

Back to Top
CIM LOGO