Net méi an Zeitunge publizéiert"Chamberblietchen" gëtt et an Zukunft als gratis Abonnement

RTL Lëtzebuerg
D'Chamber wéilt esou eng indirekt Pressehëllef verhënneren.
© RTL Archiv

Dat sougenannt Chamberblietchen, an deem notamment déi integral Chamberssëtzunge verëffentlecht ginn, gëtt an Zukunft, vum nächste Joer un, net méi vun den Zeitunge publizéiert mä wäert als gratis Abonnement disponibel sinn. Dat sot de Laurent Scheeck dem Radio 100,7 haut. D'Chamber wéilt esou eng indirekt Pressehëllef verhënneren.

Fir d'Produktioun vum neie Chamberlietchen dat op Pabeier an digital soll eraus komme géif en Appel d'offres gemaach. Uganks des Joers hat de Chamberpresident Fernand Etgen missen zréckgeruddert nodeems den Online-Journal ronn 30.000 Euro fir d'Publikatioun vum Chamberblietchen a PDF-Format kréie sollt.

Back to Top
CIM LOGO