Méi Offall, manner PlanzenBiogasvereenegung reagéiert op nei Strategie

Monica Camposeo
D'Biogas-Strategie hei am Land soll optiméiert ginn. Déi nei Richtlinne sinn d'lescht Woch an der zoustänneger Kommissioun virgestallt ginn.
Biogas-Strategie hei am Land soll optiméiert ginn
Déi nei Richtlinne sinn d'lescht Woch an der zoustänneger Kommissioun virgestallt ginn.

Bis ewell wieren nämlech och vill Energie-Planze wéi Mais genotzt ginn, fir Biogas hierzestellen. Dat soll an Zukunft anescht sinn.

Nei Biogas-Strategie / Reportage Monica Camposeo

Wat gesäit déi nei Strategie vir?

De Biogas méi rentabel an och méi nohalteg gestalten, dat ass d'Zil vun der neier Strategie. Mä wat bedeit dat, wann, wéi bis ewell, Energie-Planze genotzt ginn, fir Biogas ze produzéieren? Den Energieminister Claude Turmes erkläert:

Ganz vill Fläche vu Mais hu missen ugebaut ginn. An engem Rapport ass erauskomm, dass 30 Prozent Energie-Planzen a 70 Prozent Gülle a Mëscht genotzt ginn.

Genotzt gëtt awer nëmmen 10 Prozent vun der ganzer Gülle, déi ufält. Déi nei Strategie, déi tëscht den dräi Ministèrë vun der Landwirtschaft, der Ëmwelt an der Energie ausgeschafft ginn ass, setzt dowéinst an Zukunft haaptsächlech op d'Offallnotzung.

90 Prozent vun deem, wat an d'Biogasanlag geet, soll Gülle sinn oder Mëscht oder eben den organeschen Offall aus der grénger Dreckskëscht oder vun enger Liewensmëttelindustrie.

Fir dat Zil kënnen ze erreechen, wéilt een dëst Joer nach u verschiddene Stellschrauwen dréinen. Virun allem kleng Biogasanlage wieren nämlech dacks fir de Bauerebetrib wirtschaftlech net rentabel. D'Regierung wëll awer haaptsächlech déi kleng Anlagen, sou wéi och kleng Strukturen an der Landwirtschaft a Familljebetriber ënnerstëtzen, esou den Energieminister Claude Turmes:

Et ass esou, dass mer de Stroumpräis wäerte liicht besser maachen. Dat heescht, all Kilowatt/Stonn, déi eng Biogasanlag an d'Netz aspeist, kritt dann e bessere Präis. Den Gülle-Bonus wäert besser ginn. Bei den Investitiounshëllefe si mer schonn um Maximum vun deem, wat d'europäesch Kommissioun erlaabt, dat heescht, do hu mer net ganz vill Sputt. An dann ebe ganz wichteg, ass déi Saach vum Biogas-Ready, dat heescht, dass bei der Berodung, och beim éischten Invest an e Stall, do kann ee nach ganz vill maachen.

Donieft soll och d'Berodung, wann ee bis eng Biogasanlage huet, ausgebaut ginn. Den Detail vun den Hëllefe soll an de nächste Méint mat Experten ausgerechent ginn. Wichteg wier et, esou nach de gréngen Energieminister, dass mat der neier Strategie méi Wäert op d'Economie circulaire gesat gëtt.

D'Iessensverschwendung soll natierlech allgemeng reduzéiert ginn, ma dat, wat awer nach ewechgeheit gëtt, soll da wéinstens energetesch verwäert ginn.

Dat wiere bei der grénger Dreckskëscht dann 80 bis 90 Prozent, déi vum ganzen organeschen Offall solle kënne weider genotzt ginn. Bei der Gülle ass et d'Hallschent, déi duerch déi nei Biogas-Strategie nach emol soll kënne verwäert ginn.

Biogasvereenegung reagéiert: Wonsch no méi Flexibilitéit

Wëll d'Politik de Biogas-Secteur hei am Land iwwerhaapt promouvéieren? Dës Fro stellt sech d'Biogasvereenegung no der Presentatioun vun der neier Strategie. Et géing ee wuel begréissen, dass elo e Pabeier um Dësch läit, mä d'Realitéit um Terrain wier eng aner. D'Haaptkritik: Onflexibilitéit an eng schlecht Zesummenaarbecht.

An d'Suite dovunner wier, dass ëmmer nees Biogasanlagen zoumaachen an der ze wéineg nokommen, bedauert de Gast Welbes, Vertrieder vun der Biogasvereenegung. Ee grousse Problem wier de Seuil de production, deen all Biogasanlag muss erreechen.

Wann ech dee Seuil de production net erreechen, da muss ech déi Avancen, déi ech ausbezuelt kritt hunn, rembourséieren. Mir hunn Anlagen, déi 280.000€ oder dëst Joer hu mer eng Anlag, déi 80.000€ muss rembourséieren. Just, well se de Seuil de production net erreecht huet.

E Règlement grand-ducal fir Cas de force majeure gëtt et zwar. Ma dorënner fält awer zum Beispill net, wann e Motor an der Anlag futti geet oder de Bedreiwer wéinst engem Accident net schaffe kann.

Mir géingen eis wënschen, dass mer net eng Interpretatioun dovunner enger Institutioun iwwerloossen, mä dass mer kloer Richtlinne kréien, wat de Cas de force majeur ass. An dass mer einfach déi reglementaresch Kaderen, déi mer hunn, en faveur notzen a net géint de Biogas, sou de Gast Welbes.

D'Schoul vu Reiler kann dowéinst elo net méi mat Biogas gehëtzt ginn. D'Anlag huet missen zoumaachen. D'Ofrappe vun esou enger Struktur wier dann och net nohalteg, bemängelt nach de Gast Welbes. Ee vun de Problemer, deen ënnert anerem fir dat neit Strategie-Dokument hätt kënnen ausgeschafft ginn:

Mir sinn elo e bësse viru Faits accomplis gesat ginn. Mir hunn du ganz kuerz Delaie gesat kritt, fir eng Prise de position auszeschaffen, wat mer bedauert hunn. Wann et dräi Jore gedauert huet, fir e Strategie-Pabeier auszeschaffen, wou sou vill Potenzial drastécht an och wierklech Perspektive mussen opgebaut ginn, da musse mir awer och déi néideg Zäit kréien, fir do Reflexiounen ze maachen an dorop ze reagéieren.

D'Biogasvereenegung wënscht sech méi Flexibilitéit an eng besser Zesummenaarbecht, engersäits tëscht de Ministèren, mä anerersäits och mat den Acteuren um Terrain. Mat den Offall-Syndikater gëtt beispillsweis net zesumme geschafft, woubäi d'Biogasanlage vill Iessensreschter kéinte weider verwäerten. Fir de Gast Welbes feelt et hei un Drock vun de Gemengen an dem Ministère, fir nohalteg eppes ze änneren.

Do leie mer net ëmmer op enger Héicht mat de Ministèren, mat de Virstellungen, wéi dat kéint lafen. En plus gehéieren d'Offallsyndikater zum Interieur. Et huet näischt mat Environnement ze dinn, oder mat Energie oder Landwirtschaft. Dat heescht, mir hunn en zousätzleche Ministère, deen hei concernéiert ass a misst eng Hand upaken.

Virun allem fir kleng Biogas-Anlagen, wéi et se an landwirtschaftleche Familljebetriber gëtt, lount sech eng Biogasanlag dacks net. Dobäi wëll de Minister Claude Turmes grad déi kleng Strukture promovéieren, wéi en am RTL-Interview sot. De Gast Welbes vun der Biogasvereenegung bemängelt, dass eng Biogas-Anlag net als "activité agricole" gëllt.

Do sinn esou vill Contrainten domadder verbonnen, dass een eng separat Gesellschaft muss maachen, dass een e Betrib muss opsplécken, wat erëm administrativ, steierlech extrem schwiereg ass. An dat si Contrainten, wou deen Eenzelen seet, do ginn ech net mat.

Wat feelt, ass e Gesamtkonzept, fir déi energetesch Verwäertung maximal kënnen ze notzen, esou nach d'Biogasvereenegung op déi nei Strategie vun der Regierung. Den Ament géingen d'Bestanddeeler nach ze vill eenzel gekuckt ginn.

Biogasvereenegung reagéiert / Rep. Monica Camposeo

Back to Top
CIM LOGO