
Eng Persoun gouf beim Accident verwonnt. Nieft dem Samu waren och d'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad am Asaz.
Ee weider Blesséierte gouf et en Donneschdeg de Moie kuerz no 9 Auer zu Osper an der Haaptstrooss. Do koumen e Bus an en Auto net laanschteneen. D'Pompjeeë vu Réiden waren op der Plaz.