Alkohol um SteierAutomobilist rennt an Terrass

RTL Lëtzebuerg
An der Stad, zu Réiser, zu Useldeng an zu Déifferdeng si Leit, obwuel se Alkohol gedronk hunn, mam Auto gefuer.
© RTL

Um fréie Samschdeg den Owend gouf der Police géint 18.30 Auer an der Rue de Reims an der Stad en Automobilist gemellt, dee mat sengem Gefier eng Terrassen ze pake krut. Den Automobilist hat esou vill gedronk, dass de Permis direkt fort war an dass d'Persoun hannert dem Steier fir seng eege Sécherheet an d'Spidol koum.

Och zu Réiser, Useldeng an Déifferdeng goufe Permisen agezunn, well Leit alkoholiséiert hannert dem Steier souzen.

Back to Top
CIM LOGO