
D'Police mellt eng Rei alkoholiséiert Chaufferen, déi protokolléiert goufen.
Géint 16 Auer war e Samschdeg an der Rue Principale zu Téiteng e Chauffeur enger Policepatrull wéinst senger geféierlecher Fuerweis opgefall. Zu Rëmeleng konnt de Chauffer gestoppt a kontrolléiert ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Mann gouf protokolléiert.
Géint 1 Auer an der Nuecht op e Sonndeg war der Police een Auto Esch opgefall, deen a Richtung Grenz ënnerwee war. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt weder de Chauffer nach d'Matfuererin e Gurt unhaten. Och hei war den Alkoholtest positiv an e Protokoll gouf geschriwwen.
An da war nach zu Habscht een Auto am Zickzack ënnerwee. Och dëse Chauffeur hat gedronk an e Protokoll gouf geschriwwen.
Zu Clierf an der Groussgaass ass e Samschdeg den Owend eng Persoun gemellt ginn, déi randaléiert huet.
D'Fra war éischten Informatioune no staark alkoholiséiert a wollt sech och net berouegen, wéi d'Policebeamten op d'Plaz koumen.
Well si eng Gefor fir sech an aner Leit duergestallt huet, wéi am Policebulletin ze liesen ass, hunn d'Beamten entscheet, si an eng Arrestzell ze bréngen.