MeteoluxAlerte jaune fir en Donneschdeg, orange fir e Freideg

RTL Lëtzebuerg
Fir dëse Weekend gi 34 bis 37 Grad gemellt. Ma och scho fir en Donneschdeg hat den nationale Wiederdéngscht eng Warnung erausginn.

Meteolux hat fir en Donneschdeg vun engem "danger potentiel" bei Temperature vu bis zu 32 Grad a vereenzelt souguer méi geschwat.

Déi ginn e Freideg nach op 33-35 Grad erop (Alerte orange), an de Samschdeg an e Sonndeg souguer op bis zu 37. E Sonndeg am spéiden Nomëtteg ass dann och mat vereenzelte Schaueren ze rechnen.

Och déi kommend Woch geet et weider mat deenen héijen Temperaturen. E Méindeg ass och mat bis zu 37 Grad ze rechnen.

Déi aktuell Ozonwäerter op www.emwelt.lu METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO