Tripartite iwwer d'AviatiounAarbechtsplaze solle wa méiglech all gehale ginn

Tim Morizet
Carine Lemmer
D'Regierung, esou de Minister François Bausch, wëll voll Responsabilitéit am Secteur iwwerhuelen.
Tripartite iwwer d'Aviatioun
D'Regierung, esou de Minister François Bausch, wëll voll Responsabilitéit am Secteur iwwerhuelen.

En Dënschdeg de Moie war eng sektoriell Tripartite iwwer d‘Aviatioun. Indirekt schaffen an deem Beräich 30.000 Leit.

Tripartite/Reportage Carine Lemmer

D‘Aviatioun ass en essentielle Secteur fir d‘Lëtzebuerger Ekonomie, sot den Transportminister François Bausch. D‘Regierung wier bereet, voll Responsabilitéit z‘iwwerhuelen a vill oder all d‘Aarbechtsplazen ze halen.

En Dënschdeg ass zesumme mat Luxair, Cargolux, Luxairport an de Gewerkschaften LCGB an OGBL eng Bestandsopnam gemaach ginn.

Iwwert de Summer soll jiddereen e Plang a Proposen ausschaffen. De 17. September gesäit een sech zréck fir eng weider Tripartite.

Bis Enn Oktober soll dann e Plang virleie fir déi ganz Aviatioun. Eng Staatshëllef muss jo och vu Bréissel accordéiert ginn. An et muss ee vun den aktueller krisebedéngter Ouverture profitéieren, déi iwwerhaapt sou eng Ënnerstëtzung erlaabt, sou de François Bausch.

Der Luxair geet et net gutt, sot de Gilles Feith, neie Chef bei der Luxair. Dat wär net eleng duerch de Covid bedéngt. De Cargo géif d'Situatioun och net besser maachen, éischter méi schlecht. Spuere wär d'Devis, mä net bei der Sécherheet. Et wär net einfach, huet de Generaldirekter vu LuxairGroup däitlech gemaach. Dëse Mount hätt ee 50% manner Buchunge wéi nach de leschte Mount, dat wär schonn en Dämpfer.

Gilles Feith, Generaldirekter vum LuxairGroup:„Mir gesinn, datt d'Situatioun net méi einfach gëtt. Am Juni hu mer méi Passagéier. Mir fléie méi aggressiv ewéi esou munch aner Airline. Mä mir gesinn awer och elo erëm en Abrieche bei de Buchungen duerch déi aktuell Situatioun. Mir hu 50% manner Buchungen ewéi nach em Juni".

De René Steinhaus huet fir Luxairport vu 64% manner Passagéier an der 1. Hallschent vum Joer geschwat. Soss hätt een ëm dës Zäit 2 Millioune Passagéier gehat, elo wären et der 753.000, huet de Chef vum Fluchhafen erkläert.
D‘Cargolux ass wärend der Kris vill geflunn, mä elo léisst d‘Demande no, huet de Richard Forson CEO vun der Cargogesellschaft ënnerstrach.

D'Gewerkschaften hu vun enger wichteger a konstruktiver Reunioun geschwat. Déi sektoriell Tripartite hätt ee mol net misse fuerderen, sot d'Michelle Cloos vum OGBL. Et hätt ee sech engagéiert fir zesummenzeschaffen a Léisungen ze fannen.

Den LCGB ass majoritär bei Luxair a Cargolux. D'Initiativ vum Minister Bausch fir d'Tripartite, huet de Patrick Dury begréisst. An och ënnerstrach, datt bei der Luxair nach ëmmer 30% vun de Leit am Chômage partiel sinn.

De 17. September moies um 9 Auer ass déi nächst Tripartite-Sëtzung fir d'Aviatioun. Aus der Kris eraus soll de Sekteur nohalteg opgestallt ginn. Eng Staatshëllef eleng wär kee Wonnermëttel, sot de François Bausch. D'Sécherheet an d'Qualitéit missten erhale bleiwen.

Iwwert de Summer muss elo all Betrib seng Hausaufgabe maachen an am Hierscht e Plang virleeën. De 15 Oktober soll en Dossier mat staatlechen Hëllefsmesüren op Bréissel fir den Accord. Déi bis ewell geplangten Investitiounen, ewéi verschidden Erneierungen um Findel, sollen awer bäibehale ginn.

Communiqué

1re réunion sectorielle tripartite «aviation» très constructive entre le gouvernement et les représentants patronaux et syndicaux au Kirchberg (14.07.2020)

Communiqué par: ministère de la Mobilité et des Travaux publics

Le 14 juillet 2020, une première réunion sectorielle tripartite «aviation» a eu lieu entre le gouvernement représenté par François Bausch, ministre de la Mobilité et des Travaux publics, Dan Kersch, ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire, Pierre Gramegna, ministre des Finances, et les représentants patronaux et syndicaux.

La réunion avec les représentants du LCGB, de l'OGB-L et NGL-SNEP a été demandée par le gouvernement dans le but d'établir un état des lieux dans le secteur. Consécutivement, les directeurs de Cargolux, lux-Airport et Luxair ont exposé la situation actuelle de leur société respective, en toute transparence.

Il a été décidé d'établir, pendant les prochaines semaines, dans des groupes de travail communs entre sociétés et syndicats, la marche à suivre afin de garantir le maintien dans l'emploi et assurer la lutte contre le chômage dans un environnement qualitatif et sûr.

«Le secteur de l'aviation est certainement l'un des domaines les plus touchés par la crise sanitaire, économique et sociale à laquelle le Luxembourg se voit confronté», a remarqué François Bausch. «Il s'agit maintenant de travailler ensemble sur un nombre de solutions afin de garantir le futur et la pérennité des entreprises du secteur; c'est entre autres une question de connectivité du pays.»

La prochaine réunion sectorielle tripartite «aviation» a été fixée au 17 septembre 2020.

Tripartite Aviatioun: OGBL wëll sozial Kris am Fluchsecteur verhënneren

Back to Top
CIM LOGO