
Aktuell sinn 17 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 808 aktiv Infektiounen. 68.556 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze goufe bis ewell 373.485 Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,85. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.