Coronavirus zu Lëtzebuerg92 nei Fäll bei 9.137 Tester

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 118 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 92 positiv geteste Patienten, 79 vun hinne si Residenten. Dat fir de 4. August. Et goufen 9.137 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.007 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 613.923 Tester gemaach.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO