Lescht Woch90 Persoune waren ouni Erlabnis wärend der Ausgangsspär ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet lescht Woch nees verstäerkt Covid-Kontrollen uechter d'Land duerchgefouert.

De Fokus vun den 236 Kontrolle louch virun allem op dem Anhale vun der Ausgangsspär (130 Kontrollen). Donieft gouf och gekuckt, ob d'Mesurë bei gréisseren Treffen an d'Hygiènesreegelen an Akafszentere respektéiert goufen.

104 Persoune kruten en Avertissement taxé, an 90 Fäll gouf géint de Couvre-feu verstouss. 14 Protokoller goufen iwwerdeems verdeelt.

Back to Top
CIM LOGO