Coronavirus zu Lëtzebuerg52 Positiver bei 6.288 Tester

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 20 (+2) Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 (+1) op der Intensivstatioun. De leschten Doudesfall gouf den 1. Juni gemellt.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 746 aktiv Infektiounen. 68.779 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 406.570 Dosisse genotzt. 3.782 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 4.709 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO