Bilan 2020420 Fäll vun Déifställ mat Gewalt, ma net méi wéi Jore virdrun

RTL Lëtzebuerg
Rezent geet jo méi heefeg an de lokalen Nouvellen iwwer Virfäll Rieds, wou Leit hir Ketten, Bijouen oder Auere carrement erofgerappt a geklaut kréien.

Aus de Police-Statistike geet ervir, datt et zejoert 420 esou Fäll vun Déifställ mat Gewalt goufen - et goufe parallel 154 Affären, wou op mannst e potentiell Schëllege vun der Police konnt identifizéiert ginn.

Et stëmmt awer net, datt dës Déifställ mat Gewalt méi heefeg gi wieren - d'Zuele vum leschte Joer, leien den zoustännege grénge Ministeren Tanson a Kox no, an der selwechter Gréisstenuerdnung wéi déi Jore virdrun.

Wat de penale Volet no dësen Déifställ ugeet, sou si 25 Persoune wéinst esou Faiten an éischter Instanz jugéiert ginn. Keen gouf acquittéiert.

Et iwwerrascht net, datt déi 420 brutal Déifställ zejoert an deene Gemenge waren, wou déi meescht Leit wunnen, also der Stad, Esch, Déifferdeng, Diddeleng a Péiteng.

Dës Chiffere liwweren d'Ministere vun der Justice an der bannenzeger Sécherheet op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup.

Back to Top
CIM LOGO